Dësen Artikel aus dem Film- an Televisiounsberäich ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Miley Cyrus | |
---|---|
bei de People's Choice Awards 2012 | |
Gebuertsnumm | Destiny Hope Cyrus |
Gebuer |
23. November 1992 Nashville |
Nationalitéit | USA |
Aktivitéit | Liddermécher, Synchronspriecher, Museker, Televisiounsschauspiller, Filmschauspiller, Sänger, Schauspiller |
Partei | Democratic Party |
Famill | |
Bestuet mat | Liam Hemsworth |
Liewenspartner(in) | Nick Jonas, Liam Hemsworth, Lucas Till, Pete Davidson |
Papp | Billy Ray Cyrus |
Mamm | Tish Cyrus |
Geschwëster | Braison Cyrus, Noah Cyrus, Brandi Cyrus, Trace Cyrus |
D'Miley Ray Cyrus, gebuer den 23. November 1992 zu Nashville am Tennessee als Destiny Hope Cyrus, ass eng US-amerikanesch Schauspillerin a Sängerin.
Hiren Duerchbroch hat se mat der Tëleesserie Hannah Montana, an där se d'Haaptroll spillt.
Als klengt Kand krut d'Miley Cyrus de Spëtznumm Smiley, well si dacks gelaacht huet. Aus "Smiley" huet sech iergendwann da "Miley" entwéckelt. Am Januar 2008 dann huet si hiren Numm offiziell vun Destiny Hope Cyrus a Miley Ray Cyrus ëmgeännert.
D'Miley Cyrus ass um Bauerenhaff vun hiren Elteren zu Thompson's Station (US-Bundesstaat Tennessee) opgewuess an ass do an d'Heritage Elementary/Middle School gaangen. Wärend hirer Schoulzäit war si am Cheerleader-Team Teneesee Allstars aktiv. Zanter 2005 lieft si mat hirer Famill zu Toluca Lake (Kalifornien). Si ass chrëschtlech opgewuess an ass 2005 an enger Kierch vun der Southern Baptist Convention gedeeft ginn.
D'Miley Cyrus war vu Juni 2006 bis Dezember 2007 mam Nick Jonas an enger Bezéiung, wat si och 2008 offiziell an engem Interview bekannt gemaach huet. Am Juni 2009 huet si sech no néng Méint vum Model a Museker Justin Gaston getrennt. Zanter 2009 ass si mam Schauspiller Liam Hemsworth an enker Bezéiung, dee si beim Filmdréi vu The Last Song kennegeléiert huet. An der Tëschenzäit si s'och verloobt.
Am Mäerz 2009 huet si hir Biographie, Miles to Go, verëffentlecht.
Commons: Miley Cyrus – Biller, Videoen oder Audiodateien |