Jane Austen | |
---|---|
Gebuer |
16. Dezember 1775 Steventon |
Gestuerwen |
18. Juli 1817 Winchester |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich, Kinnekräich Groussbritannien |
Aktivitéit | Schrëftsteller, Novellist, Romancier |
Famill | |
Papp | George Austen |
Mamm | Cassandra Austen |
Geschwëster | Edward Austen Knight, Francis Austen, Cassandra Austen, Charles Austen, George Austen, Henry Thomas Austen, James Austen |
D'Jane Austen, gebuer de 16. Dezember 1775 zu Steventon, Hampshire a gestuerwen den 18. Juli 1817 zu Winchester, war eng brittesch Schrëftstellerin aus der Period vum Regency. Si ass bekannt fir hir Romaner Sense and Sensibility (1811), Pride and Prejudice (1813), Mansfield Park (1814) an Emma (1816), déi haut zu de Klassiker vun der englescher Literatur gehéieren. Zwéi weider Romaner vun hir, Northanger Abbey a Persuasion koume posthum 1818 eraus, en drëtte gouf ni fäerdeg.
D'Jane Austin huet sech fréi fir Literatur intresséiert, huet vill gelies a fréi ugefaange mat schreiwen. No e puer Versich mat Kuerzprosatexter, Theaterstécker, Satiren a Persiflagen huet si mat 19 bis 22 Joer hir éischt Romaner geschriwwen. An dësen thematiséiert si d'Liewe vun der Bourgeoisie um Land, an se dréinen dacks dorëms, wéi Fraen tëscht gesellschaftleche Konventiounen an Zwäng, rationalen Argumenter ma och hire Gefiller de richtege Wee fannen, de "Mann vum Liewen" ze fannen an ze bestueden. Si si mat schaarfem Bléck an och alt emol mat enger Portioun Humor geschriwwen. Déi éischt Editioune sinn anonym ("by a Lady") publizéiert ginn.
(1988 am Kader vun enger Gesamteditioun vun Oxford University erauskomm an 1993 erweidert)
Wikisource: Jane Austen – Quellentexter |
Commons: Jane Austen – Biller, Videoen oder Audiodateien |