Aldo Moro | |
---|---|
Gebuer |
23. September 1916 Maglie |
Gestuerwen |
9. Mee 1978 Roum |
Nationalitéit | Italien, Kinnekräich Italien |
Aktivitéit | Politiker, Diplomat, Professer |
Partei | Democrazia Cristiana |
Den Aldo Moro, gebuer den 23. September 1916 zu Maglie (Lecce) a gestuerwen den 9. Mee 1978 zu Roum, war en italieenesche Politiker.
De Jurist Aldo Moro war als Deputéierte vun der Democrazia Cristiana vun 1948 un am italieenesche Parlament. Hie war Justizminister (1955-1957) an Unterrechtsminister (1957-1959), duerno Generalsekretär vu senger Partei (1959-1964) an Ausseminister (1969-1972 an 1973-1974). Ministerpresident vun Italie war hie vun 1963-1968 a vun 1974-1976.
Den Aldo Moro, deen dem lénke Flillek vu senger Partei zougerechent gouf, gouf den 13. Mäerz 1978 vun de Brigate Rosse ("Roude Brigaden") entfouert an ass no 8 Wochen erschoss opfonnt ginn.
Commons: Aldo Moro – Biller, Videoen oder Audiodateien |