Dës Säit befaasst sech mam Joer 1940.
D'Wehrmacht besetzt Paräis
Evenementer
Europa
0 8. Februar : D'Ghetto Łódź (méi spéit "Litzmannstadt" genannt), gëtt ageriicht.
12. Mäerz : De Finnesch-Sowjetesche Wanterkrich ass eriwwer. Friddenstraité vu Moskau verzicht Finnland op Karelien , bleift awer ee souveräne Staat. Vum 22. Juni 1941 un zéien d'Finne mat den däitschen Zaldote géint d'Sowjetunioun an de Krich.
18. Mäerz : Den Adolf Hitler an de Benito Mussolini begéine sech um Brennerpass an den Alpen a grënnen eng Allianz géint Frankräich a Groussbritannien .
27. Mäerz : Den Heinrich Himmler , "Reichsführer SS", gëtt den Uerder d'KZ Auschwitz opzeriichten.
Mäerz/Abrëll: Massaker vu Katyn : Unitéite vum sowjetesche Geheimdéngscht NKWD ermuede bei Smolensk e puer dausend polnescch Offizéier an Zivilisten.
0 9. Abrëll : Unternehmen Weserübung : Däitsch Truppen iwwerfalen déi neutral Länner Dänemark an Norwegen .
12. Abrëll : Brittesch Truppe besetzen d'Färöerinselen , déi zu Dänemark gehéieren.
10. Mee : Däitsch Truppe marschéieren an Holland , der Belsch an a Lëtzebuerg an. De Westfeldzuch huet ugefaangen.
10. Mee : A Groussbritannien trëtt d'Regierung Chamberlain zeréck, de Winston Churchill iwwerhëlt d'Féierung vun enger Krichskoalitiounsregierung.
12. Mee : Ufank vum "Blitzkrieg " géint Frankräich.
13. Mee : Den Churchill hält seng bekannt Blood-Sweat-and-Tears -Ried virum brittesche Parlament.
14. Mee : Rotterdam gëtt bombardéiert.
15. Mee : D'Hollännesch Regierung kapituléiert (bis op d'Provënz Zeeland ).
16. Mee : Ufank vun der AB-Aktion am Generalgouvernement , bei där polnesch Resistenzler virun e Standgeriicht kommen an higeriicht ginn
26. Mee : Ufank vun der Schluecht vun Dunkerque ; 340.000 alliéiert Zaldote ginn doropshin an England evakuéiert.
28. Mee : De Leopold III. kapituléiert mat sengen Truppe géintiwwer dem Däitsche Räich, iwwerdeems seng Regierung zu London am Exil ass.
0 4. Juni : Bekannt Ried vum Churchill We Shall Fight on the Beaches virum Parlament.
10. Juni : Nodeem déi franséisch an englesch Truppen Norwege verlooss hunn, kapituléiert Norwege virun der däitscher Arméi.
10. Juni : Italien erkläert Frankräich Groussbritannien de Krich.
14. Juni : Däitsch Truppe besetze Paräis .
14. Juni: D'KZ Auschwitz gëtt a Betrib geholl.
15. –17. Juni : D'Sowjetunioun besetzt Estland , Lettland a Litauen .
18. Juni : Appell du 18 juin vum Generol Charles de Gaulle vu London aus; hie stellt de Comité national français als provisoresch Exilregierung op.
22. Juni : Zu Compiègne gëtt am selwechte Waggon wéi 1918 de Waffestëllstand tëscht Frankräich an Däitschland ënnerschriwwen.
28. Juni : D'Rout Armée besetzt Bessarabien , déi nërdlech Bukowina an den Territoir vun Herza .
0 6. August : Estland gëtt gezwongen, der Sowjetunioun bäizetrieden.
13. August : Ufank vun der Loftschluecht ëm England; d'däitsch Luftwaffe bombardéiert Ariichtunge vund er Royal Air Force .
30. August : Däitschland an Italien erméiglechen et Ungarn , dat nërdlecht Transsylvanien , dat zu Rumänie gehéiert, z'anektéieren.
0 6. September : De Kinnek Carol II. vu Rumänien dankt zu Gonschte vu sengem Jong Michael I. of.
27. September : Den Dräimächtepakt tëscht dem Däitsche Räich, Italien an dem Japanesche Keeserräich gëtt zui Berlin ënnerschriwwen.
0 2. Oktober : Zu Warschau mussen ewell déi ronn 400.000 Judden an engem Ghetto liewen.
28. Oktober : De griichesche President Ioannis Metaxas refüséiert, den Italieener Stëtzpunkter a Griicheland z'accordéieren. Italieenesch Truppe fänken doropshi vun Albanien aus un, Griicheland ze besetzen.
20. –24. November : Ungarn (20.), Rumänien (23.) an d'Slowakei (24.) trieden dem Dräimächtepakt bäi.
Lëtzebuerg
Däitsch Invasioun vu Lëtzebuerg
10. Mee : Nom Iwwerfall vun der Wehrmacht flüchten d'Groussherzogin Charlotte an d'Regierung a Frankräich, a vun do aus weider iwwer Portugal an d'USA, Kanada a Groussbritannien.
11. Mee : D'lëtzebuergesch Deputéiert protestéiert géint déi däitsch Invasioun. Den Albert Wehrer gëtt zum Mëttelsmann fir de Kontakt mat der däitscher Militärverwaltung designéiert.
16. Mee : D'Chamber erdeelt der Verwaltungskommissioun (President: Albert Wehrer) d'Vollmacht, quasi als Regierung ze fungéieren.
24. Juni : D'Groussherzogin an d'Regierungsmembere kommen, net zulescht dank engem Visum vum portugisesche Konsul zu Bordeaux , dem Aristides de Sousa Mendes , zu Lissabon un.
29. Juli : De Gauleiter Gustav Simon gëtt zum Chef vun der Zivilverwaltung (CdZ) zu Lëtzebuerg ernannt.
0 6. August : De Gauleiter Simon zitt mat 800 Polizisten a Lëtzebuerg an; hien hält seng éischt Ried op der Plëss d'Arem . Den éischten Dekreet vun him gëtt publizéiert, eng Sprachverordnung , déi Däitsch als eenzeg offiziell Sprooch zu Lëtzebuerg aféiert an d'Franséisch verbitt.
10. August : 4 Kreisleiter gi fir déi 4 Lëtzebuerger Distrikter ernannt.
14. August : Aus Protest géint déeen neien Här a Meeschter fänke vill Leit un, patriotesch Symboler un hir Kleeder ze spéngelen; wat spéiderhin Spéngelskrich genannt gëtt.
15. August : Lëtzebuerg gëtt Deel vum däitschen Douanes -Raum.
16. August : D'Einsatzkommando der Sicherheitspolizei (Sipo) und des Sicherheitsdienstes (SD) installéiere sech an der Villa Pauly an der Stad.
20. August : E Sondergericht gëtt opgesat.
23. August : All lëtzebuergesch politesch Parteie ginn opgeléist a verbueden.
26. August : D'Reichsmark gëtt offiziell Wärung, bis den 29. Januar 1941 parallel zum Belsch -Lëtzebuerger Frang , duerno eleng.
31. August : D'Nazi-Manifest "Heim ins Reich " gëtt am gläichgeschalten Tageblatt a Wort publizéiert.
0 5. September : D'Groussherzogin Charlotte riicht sech eng éischt Kéier iwwer d'BBC un d'Lëtzebuerger Bevëlkerung.
0 5. September: D'Nürnberger Gesetzer gëlle vun elo un och zu Lëtzebuerg.
0 3. Oktober : D'Groussherzogin Charlotte kënnt zu New York un.
21. Oktober : D'Monument un déi Lëtzebuerger Gefalen an der franséischer Friemelegioun am Éischte Weltkrich, d'Gëlle Fra , gëtt zerstéiert.
22. Oktober : D'Chamber an de Staatsrot ginn opgeléist an ofgeschaaft.
0 4. Dezember : D'Zaldote vun der Lëtzebuerger Fräiwëllegekompagnie ginn op Weimar deportéiert.
23. Dezember : D'Verwaltungskommissioun gëtt opgeléist.
Afrika
0 3. Juli : Operation Catapult : Brittesch Fligere versenken en Deel vun der franséischer Flott bei Mers-el-Kebir , fir datt se net an d'Hänn vun den Däitsche soll falen; 1.297 Marinn-Zaldote kommen ëm d'Liewen.
13. September : Ufank vun der Italieenescher Invasioun vun Egypten .
0 9. Dezember : Ufank vun der Operation Compass , enger brittescher Offensiv géint d'Italieener an Egypten.
Amerika
USA
Südamerika
Asien
Ozeanien & Pazifik
Arabesch Welt
Konscht a Kultur
Molerei
Literatur
Musek
Kino
Wëssenschaft an Technik
Sport
Gebuer
0 ?: Peter Mutharika , Politiker aus Malawi.
0 ?: Silvia Torres-Peimbert , mexikanesch Astronomin a Physikerin.
0 2. Januar : Saud ibn Faisal , saudesche Politiker.
0 4. Januar : Gao Xingjian , franséischen Auteur.
0 6. Januar : Olga Georges-Picot , franséisch Schauspillerin.
17. Januar : Mircea Snegur , moldawesche Politiker.
20. Januar : Georges Poujouly , franséische Schauspiller.
22. Januar : John Hurt , brittesche Schauspiller.
24. Januar : Joachim Gauck , däitsche Paschtouer, Publizist a Staatsmann (11. Bundespresident).
27. Januar : Harry Kümel , belschen Dréibuchauteur, Schauspiller a Filmregisseur.
28. Januar : Guido Bachmann , schwäizeresche Schrëftsteller.
0 1. Februar : Jean-Marie Périer , franséische Fotograf a Filmregisseur.
0 4. Februar : Kent Broadhurst , US-amerikanesche Schauspiller.
0 4. Februar: George A. Romero , US-amerikanesche Filmregisseur.
0 5. Februar : Hansruedi Giger , Schwäizer Graphiker.
0 7. Februar : Toshihide Masukawa , japanesche Physiker.
0 9. Februar J. M. Coetzee , südafrikanesche Schrëftsteller.
0 9. Februar: Marcel Theis , lëtzebuergesche Foussballspiller.
16. Februar : Fernand Théato , lëtzebuergesche Lokalhistoriker.
19. Februar : Saparmyrat Nyyazow , turkmeneschen Diktator.
19. Februar: Smokey Robinson , US-amerikanesche Sänger.
21. Februar : Peter McEnery , brittesche Schauspiller.
23. Februar : Peter Fonda , US-amerikanesche Schauspiller a Filmregisseur.
24. Februar : Blanche Weicherding-Goergen , lëtzebuergesch Konschthistorikerin, Restauratorin.
29. Februar : Margit Carstensen , däitsch Schauspillerin.
0 2. Mäerz : Jon Finch , brittesche Schauspiller.
0 2. Mäerz: Mamnoon Hussain , pakistanesche Geschäftsmann, Staatspresident.
0 2. Mäerz: Lothar de Maizière , däitsche Politiker, 1990 Ministerpresident vun der DDR.
0 5. Mäerz : François Colling , lëtzebuergeschen Ingenieur a Politiker.
0 7. Mäerz : Rudi Dutschke , däitsche Studenteleader, Dissident.
10. Mäerz : Christian Gion , franéische Filmregisseur.
10. Mäerz: Chuck Norris , US-amerikanesche Schauspiller a Karateweltmeeschter.
11. Mäerz : Aly Knepper , lëtzebuergesche Schéisser.
12. Mäerz : Claude Fontaine , lëtzebuergesche Graphiker a Moler.
12. Mäerz: Al Jarreau , US-amerikaneschen Jazz-, Pop- an R & B-Sänger a Songauteur.
13. Mäerz : Jacqueline Sassard , franséisch Schauspillerin.
15. Mäerz : Hans Hirschmüller , Regisseur, Auteur a Schauspiller.
20. Mäerz : Silvia Solar , franséisch Schauspillerin.
21. Mäerz : Solomon Burke , US-amerikanesche Museker.
23. Mäerz : Boramy Tioulong , franséische Filmregisseur, Dréibuchauteur a Schauspiller.
26. Mäerz : James Caan , US-amerikanesche Schauspiller.
27. Mäerz : June Wilkinson , englesch Schauspillerin.
30. Mäerz : Astrud Gilberto , US-amerikanesch Sängerin a Komponistin.
0 1. Abrëll : Wangari Maathai , kenyanesch Wëssenschaftklerin, Aktivistin a Firddensnobelpräisdréierin.
0 2. Abrëll : Norbert Haupert , lëtzebuergesche Politiker, Sportler a Sportsfonktionnär.
0 7. Abrëll : René Pütz , lëtzebuergesche Schauspiller.
12. Abrëll : Herbie Hancock , US-amerikaneschen Jazz-Pianist a Komponist
13. Abrëll : Jean-Marie Gustave Le Clézio , franséische Schrëftsteller.
13. Abrëll : Vladimir Cosma , rumänesche/franséische Filmmusekkomponist.
14. Abrëll : Julie Christie , brittesch Filmschauspillerin.
15. Abrëll : Sabine Sun , franséisch Schauspillerin.
16. Abrëll : Margrethe II. , Kinnigin vun Dänemark.
17. Abrëll : Claire Bretécher , franséisch Zeechnerin.
17. Abrëll: Henri Wehenkel , lëtzebuergeschen Historiker a Politiker.
18. Abrëll : Ira von Fürstenberg , Schauspillerin.
20. Abrëll : James Gammon , US-amerikanesche Schauspiller.
22. Abrëll : Marie-José Nat , franséisch Schauspillerin.
24. Abrëll : Sue Grafton , US-amerikanesch Schrëftstellerin.
24. Abrëll: Michael Parks , US-amerikanesche Schauspiller.
25. Abrëll : Michèle Frank , Molerin a Schrëftstellerin.
25. Abrëll: Al Pacino , US-amerikanesche Schauspiller, Regisseur a Filmproduzent.
26. Abrëll : Giorgio Moroder , italieenesche Produzent a Komponist.
30. Abrëll : Burt Young , US-amerikanesche Schauspiller.
0 6. Mee : Emil Angel , lëtzebuergesche Schrëftsteller.
0 8. Mee : John Michael Talbot , US-amerikanesche Sänger, Gittarist, a Komponist.
25. Mee : Roger Kieffer , lëtzebuergesche Moler.
29. Mee : Faruk Ahmad Khan Leghari , pakistanesche Staatspresident.
0 1. Juni : René Auberjonois , US-amerikanesche Schauspiller.
0 2. Juni : Konstantinos II. , leschte Kinnek vu Griicheland.
0 6. Juli : Nursultan Nasarbajew , kasachesche Politiker a Staatspresident.
0 7. Juni : Tom Jones , brittesche Pop-Sänger.
0 8. Juni : Nancy Sinatra , US-amerikanesch Sängerin a Schauspillerin.
11. Juni : Georges Welbes , lëtzebuergesche Schwëmmer.
19. Juni : Pit Weyer , lëtzebuergesche Graphiker an Zeechner.
22. Juni : Abbas Kiarostami , iranesche Filmregisseur a Lyriker.
28. Juni : Muhammad Yunus , bangladescheschen Ekonomist.
29. Juni : Bill Napier , schotteschen Astronom an Auteur.
0 3. Juli : Fontella Bass , US-amerikanesch R&B- a Soul-Sängerin, Pianistin a Komponistin.
0 3. Juli: Jerzy Buzek , polnesche Politiker.
0 3. Juli: Peer Raben , däitsche Filmregisseur, Produzent, Dréibuchauteur, Schauspiller a Komponist.
0 7. Juli : Ringo Starr , brittesche Museker.
14. Juli : Alphonse Pelles , lëtzebuergeschen Naturfuerscher.
15. Juli : Denis Héroux , kanadesche Filmregisseur a Filmproduzent.
22. Juli : Vera Tschechowa , däitsch Schauspillerin.
24. Juli : Faustino Cima (Fausti ), lëtzebuergeschen Entertainer.
27. Juli : Pina Bausch , däitsch Dänzerin a Choreographin.
0 2. August : Don LaFontaine , US-amerikanesche Stëmm-Schauspiller.
0 3. August : Martin Sheen , US-amerikanesche Schauspiller.
0 4. August : Abdurrahman Wahid , indoneesesche Politiker, President.
0 7. August : Jean-Luc Dehaene , belsche Politiker.
0 8. August : Just Jaeckin , franséische Filmregisseur a Fotograf.
10. August : Marie Versini , franséisch Schauspillerin.
17. August : Ady Schmit , lëtzebuergesche Foussballspiller a Foussballtrainer.
19. August : Nicolas Hoffmann , lëtzebuergesche Foussballspiller.
23. August : Émile Braas , lëtzebuergesche Lokalpolitiker.
24. August : Roger Andrieux , franséische Filmregisseur.
25. August : José van Dam , belsche Bass-Baritonsänger.
28. August : Philippe Léotard , franséische Schauspiller a Sänger.
28. August: Roger Pingeon , franséische Vëlossportler.
0 3. September : Eduardo Galeano , uruguayesche Schrëftsteller.
0 3. September: Macha Méril , franséisch Schauspillerin.
0 5. September : Raquel Welch , US-amerikanesch Schauspillerin.
0 5. September: Romaine Berens , lëtzebuergesch Romanistin a Konschthistorikerin.
0 7. September : Dario Argento , italieeneschr Film-Regisseur an Dréibuchauteur.
0 7. September: Simone Theis , lëtzebuergesch Schwëmmerin.
11. September : Brian De Palma , US-amerikanesche Filmregisseur.
13. September : Óscar Arias Sánchez , President vu Costa Rica, Friddensnobelpräisdréier.
15. September : Roby Hentges , lëtzebuergesche Vëlossportler.
17. September : Heidelinde Weis , éisträichesch Schauspillerin.
17. September: Lorella De Luca , italieenesch Schauspillerin.
18. September : Frankie Avalon , US-amerikanesche Sänger a Schauspiller.
19. September : Karin Baal , däitsch Schauspillerin.
22. September : Anna Karina , dänesch Schauspillerin.
27. September : Roger Van Hool , belsche Schauspiller.
28. September : Léandre Spartz , lëtzebuergesche Veterinär.
0 1. Oktober : Jean-Luc Bideau , Schwäizer Schauspiller.
0 5. Oktober : Joseph Kohnen , lëtzebuergesche Literaturfuerscher a -kritiker.
0 7. Oktober : Fernand Rau , lëtzebuergeschen Ekonomist a Politiker.
0 9. Oktober : John Lennon , brittesche Museker, Komponist an Auteur.
14. Oktober : Cliff Richard , brittesche Popstar.
17. Oktober : Marion Michael , däitsch Schauspillerin.
19. Oktober : Michael Gambon : brittesch-iresche Schauspiller.
21. Oktober : Manfred Mann , südafrikanesch-brittesche Rockmuseker.
23. Oktober : Pelé , brasilianesche Foussballspiller.
26. Oktober : Tilo Prückner , däitsche Schauspiller.
28. Oktober : Paul Helminger , lëtzebuergesche Politiker.
0 2. November : Gigi Proietti , italieenesche Schauspiller.
0 4. November : Marlène Jobert , franséisch Schauspillerin.
0 4. November: Cristina Gaioni , italieenesch Schauspillerin.
0 5. November : Elke Sommer , däitsch Schauspillerin, Schlagersängerin a Molerin.
0 8. November : Charles Thomas Kowal , US-amerikaneschen Astronom.
11. November : Louis Pilot , lëtzebuergesche Foussballspiller.
15. November : Sam Waterston , US-amerikanesche Schauspiller.
18. November : Qabus ibn Said , Sultan vun Oman.
18. November: Jean Lanners , lëtzebuergesche Foussballspiller.
20. November : Helma Sanders-Brahms , däitsch Filmregisseurin.
22. November : Terry Gilliam , US-amerikanesche Komiker, Regisseur an Zeechner.
22. November: Andrzej Żuławski , polnesche Filmregisseur.
27. November : Bruce Lee , Schauspiller vu Martial-Arts-Filmer.
27. November: Charles Reiff , lëtzebuergesche Boxer.
0 6. Dezember : Ray Hack , lëtzebuergesche Landesmeeschter am Boxen.
0 7. Dezember : Pierre Hannick , belschen Historiker.
12. Dezember : Dionne Warwick , US-amerikanesch Sängerin an Tëleesmoderatorin.
14. Dezember : Paul Reiles , lëtzebuergesche Jurist.
15. Dezember : Barbara Valentin , éisträichesch Schauspillerin.
17. Dezember : Édika , franséische Comiczeechner.
18. Dezember : Nicolas Strotz , lëtzebuergeschen Ingenieur a Politiker.
21. Dezember : Frank Zappa , US-amerikanesche Museker a Komponist.
25. Dezember : Norbert Stomp , lëtzebuergesche Biolog, Professer a Muséesdirekter.
29. Dezember : Brigitte Kronauer , däitsch Schrëftstellerin.
Gestuerwen
Johny Grün , lëtzebuergesche Gewiichthiewer.
20. Januar : Joseph Gredt , lëtzebuergesche Geeschtlechen a Philosoph.
25. Januar : Nicolas Klees , lëtzebuergeschen Apdikter.
28. Februar : Lise Rischard , lëtzebuergesch Spiounin.
29. Februar : Aage , Prënz vun Dänemark.
24. Mäerz : Édouard Branly , franséische Physiker.
16. Mäerz : Selma Lagerlöf , schweedesch Schrëftstellerin, Nobelpräisdréiesch.
26. Abrëll : Auguste Wirion , lëtzebuergesche Moler.
14. Mee : Emma Goldman , litauesch-US-amerikanesch Anarchistin, Feministin an Auteur.
16. Mee : Numa Charlier , belschen Offizéier a leschte Kommandant vum Fort de Boncelles.
0 3. Juni : Pierre Medinger , lëtzebuergesche Cheemiker a Forensiker.
24. Juni : Alfred Fowler , engleschen Astronom.
29. Juni : Paul Klee , däitsche Moler.
0 1. Juli : Ben Turpin , US-amerikanesche Stommfilmkomiker.
0 4. Juli : Mathias Schaffner , lëtzebuergesche Politiker.
21. August : Leo Trotzki , russesche Revolutionär.
31. August : Raymond Smith Dugan , US-amerikaneschen Astronom.
26. September : Walter Benjamin , däitsche Philosoph a Literaturkritiker.
13. Oktober : Léon Moutrier , lëtzebuergesche Politiker.
17. Oktober : Lucien Linden , belsche Botaniker.
0 8. November : Arthur Vierendeel , belsche Bauingenieur.
0 9. November : Neville Chamberlain , brittesche Politiker.
0 2. Dezember : Nikolaus Warker , lëtzebuergeschen Erzéier, Seeërchessammler a Schrëftsteller.
15. Dezember : Batty Weber , lëtzebuergesche Journalist, Feuilletonist a Schrëftsteller.
21. Dezember : Francis Scott Fitzgerald , US-amerikanesche Schrëftsteller.
Um Spaweck
Referenzen
↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Belsch den 10. Mäerz 1940 op der Websäit vum European Football
↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Holland-Lëtzebuerg den 31. Mäerz 1940 op der Websäit vum European Football
↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Belsch-Lëtzebuerg de 7. Abrëll 1940 op der Websäit vum European Football